E Koup Blieder aus Pabeier

Pabeier (vum laténgesche papyrus an dem algriicheschen πάπυρος pápyros) ass e Material, dat aus Planzefasere besteet. Déi Fasere gi meescht aus Holz gewonnen, fiicht gemaach, zesummegepresst an duerno erëm gedréchent. Pabeier presentéiert sech ënner Form vun dënne Blieder an ass e Basismaterial am Domaine vun der Schrëft, der Molerei, der Dréckerei an der Verpakung. E gëtt och an verschiddene Produktiounsprozesser agesat.

Pabeier existéiert an enger grousser Diversitéit vu verschiddene Formen a fir ënnerschiddlech Zwecker; ënner anerem gëtt et Millimeterpabeier, Glaspabeier, Toilettëpabeier a Calquepabeier.

Pabeier gëtt et schonn zanter de Antiquitéit.

Kuckt och

[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Pabeier – Biller, Videoen oder Audiodateien