Eng Organspend ass d'Ewéchhuelen vun engem oder méi Organer aus dem Kierper vun engem Mënsch, dee kuerz virdru gestuerwen ass, oder vun engem gesonde fräiwëllege Spender, deen nach lieft. Dat Organ gëtt dann an de Kierper vun enger anerer, lieweger Persoun transplantéiert. Geleefeg Organtransplantatioune betreffen d'Nieren, d'Häerz, d'Liewer, d'Bauchspäicheldrüs, d'Däerm, d'Longen, d'Schanken, an d'Haut. Dacks ginn d'Tissuspenden (Gewebespenden) (zum Beispill Hornhaut vum Aen) och zu den Organspende gezielt, obwuel et sech net ëm Organer handelt. Donieft gëtt et och nach Bluttspenden a Knachemuerchspenden (Bluttstammzellespenden).
Bestëmmt Organer kënne vu liewege Spender kommen, wéi d'Nier oder Deeler vun der Liewer, mee déi meescht Spende geschéien eréischt nom Doud vum Spender.
All d'Organer an Tissue ginn an enger Prozedur entholl, déi der Chirurgie gläicht, an all d'Incisiounen (Schnëtt) ginn no deem Agrëff nees zougemaach. An der Zäit virum Begriefnes soll net z'erkenne sinn, datt den Doudegen en Organspender war.
Persounen aus allen Altersklasse kënnen Organspender ginn. Den Alter vum Donateur ass manner wichteg wéi den Zoustand vum Organ, dat gespent gëtt. Dowéinst ginn trotzdeem seelen Organer vu Leit iwwer 70 Joer benotzt.
Weltwäit ginn et Organspender, mee och Waardelëschten fir Leit, déi op en Organ waarden. Vill Patienten op esou Waardelëschten stierwen, well se net zur Zäit en Organ kréien. De 17. November 2016 zum Beispill stoungen eleng an den USA 119.905 Persounen op der Waardelëscht fir en Organ, dat hinnen d'Liewe kéint retten.[1]
An Europa ass Lëtzebuerg ee vun de Länner mat de mannsten Organspender.[2] 2015 goufen et am ganze Land nëmmen dräi Organspender.[3] Domat war Lëtzebuerg engem Eurostat-Classement no op der leschter Plaz[4] a weltwäit op der sechstleschter Plaz.[5]
2022 goufen et nees 8 doudeg Organspender. Dogéint stoungen am selwechte Joer awer 105 Patienten op der Waardelëscht fir eng Transplantatioun, a 35 Awunner kruten am Ausland eng Organtransplantatioun.[6],[7]
Lëtzebuerg ass nieft der Belsch, Däitschland, Éisträich, Holland, Kroatien, Slowenien an Ungarn ee vun de Länner an deenen d'Organisatioun Eurotransplant aktiv ass, déi sech fir d'Promotioun vun der Organspend asetzt an d'Koordinatioun tëscht de Memberstaaten organiséiert.
2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009 | 2010 | 2011 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015 | 2016 | 2017 | 2018 | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | 3 | 6 | 1 | 9 | 0 | 3 | 9 | 4 | 8 | 4 | 3 | 3 | 9 | 7 | 5 | 3 | 2 | 8 |
Vum Gesondheetsministère gëtt et en Organspenderpass, "Passeport de vie" genannt.[11] An dësem dréckt de Besëtzer seng Awëllegung aus, datt him am Fall vun engem stënterlechen Doud Organer ewechgeholl a gespent kënne ginn. E Porte-parole vum Ministère sot 2015, zu Lëtzebuerg géif et d'Potential fir 10-15 Organspenden am Joer ginn.[12]