Den Nullmeridian (schwaarz)

Den Nullmeridian ass dee Meridian, dee vertikal zum Äerdequator steet a vum Nordpol bis zum Südpol an engem Hallefkrees verleeft, a vun deem aus d'geographesch Längt no Ost a West gezielt gëtt.

E gouf eigentlech arbiträr festgeluecht, dunn awer bei der Internationaler Meridiankonferenz vun 1884 an de Meridianplang vum Londoner Greenwich-Observatoire geluecht a gëtt dofir dacks och Greenwich-Meridian genannt (Meridian vum Flamsteed House vum Royal Greenwich Observatory). Bis dohi ware vill verschidden Nullmeridianen am Gebrauch.

Standardméisseg gëtt d'geographesch Längt vum Nullmeridian positiv no Osten gezielt (0° bis 360°), trotzdeem ass och ëstlech Längt (0-180° Ost) a westlech Längt (0-180° West) verbreet. Als Ofkierzunge ginn O oder E fir den Osten a W fir de Weste gebraucht. D'Symbol E (englesch fir „East“, frans. „Est“) ass deelweis och am Däitschen aktuell, fir eng Verwiesselung mat Null ze vermeiden. Op der Westhemisphär (v. a. an den USA) gëtt am Géigesaz zur internationaler Norm och déi westlech Zielung vun 0-360° gebraucht.

Den haitege Standard, de Meridian Null vum WGS84- an ETRS89/GRS80-Bezuchsystem, ass net un d'Äerduewerfläch gebonnen, mä e modelléierte Geodeteschen Datum, well d'Meridianen a geneeër Rechnung net uewerflächen-uertsfest sinn (Kontinentalverrécklung, Gezäitekräften. E verleeft am Greenwich-Park, gutt 100 Meter ëstlech vun der historescher Greenwicher „Touriste-Linn“ vum alen Observatoire.

Aféierung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Längt vum Nullmeridian ass deen iwwer d'Pole gemoossene hallwen Äerdëmfank vum internationalen Äerdellipsoid, also 20.003,9 km. Mat sengem géintiwwer leiende Meridian, deen zum Beispill d'Wrangelinsel bei 180° (ouni Zousaz E oder W) schneit, ergänzt sech den Nullmeridian zu engem Grousskrees op der Äerd. D'Datumsgrenz verleeft deelweis (no bei de Polen an nërdlech vum Equator) genee op 180° Greenwich (Ofwäichunge resp. Ausname vum 180. Längegrad sinn: an der Beringstrooss, bei den Aleuten (Alaska), a Kiribati, bei de Fidschi-Inselen, bei Tuvalu, bei Tonga a bei den neiséilänneschen Inselen Kermadec a Chatham).

Bis 1884, ier den Nullmeridian festgeluecht war, hat bal all europäescht Land säin eegenen Nullmeridian, meeschtens déi geographesch Längt vun der jeeweileger Haaptstad resp. där hirem Observatoire.

Wéi de Reesverkéier méi grouss gouf, besonnesch duerch d'Eisebunn, gouf e System noutwendeg dee fir all Land d'selwecht ass. Zudeem gouf et ëmmer méi wichteg, eng genee international Zäit (Weltzäit) ze hunn. Si ass als Lokalzäit vum Nullmeridian definéiert.

D'International Meridian-Konferenz vun 1884 zu Washington

[änneren | Quelltext änneren]
Den historeschen Nullmeridian um Flamsteed House zu Greenwich (um Buedem an am Gebai markéiert).
Den nërdlechste Punkt vum Nullmeridian um Kontinent zu Villers-sur-Mer, Frankräich

Op der Internationaler Meridian-Konferenz de 14. Oktober 1884 zu Washington D.C. mat Vertrieder aus 25 Natiounen, gouf dee Meridian, deen duerch Greenwich leeft, als Basis vum internationale Koordinatesystem agefouert.

Als Internationalen Nullmeridian goufe bei der Washingtoner Konferenz fënnef Méiglechkeeten diskutéiert:

Wärend der Konferenz hat sech erausgestallt, datt de Paräisser Nullmeridian keng Majoritéit géif fannen. Sou huet de Greenwich-Meridian sech schliisslech als Internationalen Nullmeridian mat grousser Majoritéit – bei Stëmmenthalung vu Frankräich – duerchgesat.

Verlaf vum Nullmeridian

[änneren | Quelltext änneren]

De Greenwich-Nullmeridian geet um Festland duerch aacht haiteg Staaten an huet an den eenzele Länner follgend Längt:

Ausserdeem geet den Nullmeridian duerch:

Nullmeridian an Zäitmiessung

[änneren | Quelltext änneren]

Déi mëttel Sonnenzäit um Nullmeridian gouf zäitgeméiss fir d'Weltzäit (GMT, Greenwich Mean Time), déi eréischt 1972 duerch déi koordinéiert Weltzäit (UTC) ofgeléist gouf. Déi orientéiert sech haut net méi un enger Uertszäit, mä – sou d'Benennung – koordinéiert déi kontinuéierlech Atomzäit mat der astronomesch gemoossener, déi d'Onreegelméissegkeete vun der Äerdëmdréiung an d'Sonnestänn zeréckspigelnden Universal Time. Den Ofgläich geschitt iwwer Schaltsekonnen. Um Nullmeridian ass d'Differenz vu mëttlerer Uertszäit an UTC haut net prezis Null.

Historesch Konzepter vun der Bezuchslinn vun den Äerdvermoossungsnetzer

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Nullmeridian – Biller, Videoen oder Audiodateien