Eng Wandrous

Norden oder Nord ass eng Haapthimmelsrichtung. Norden resp. d'Nordrichtung gëtt fir d'Navigatioun gebraucht a fir Koordinaten unzeginn.

Urspronk vum Wuert an aner Nimm

[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezeechnung leet sech vum Alhéichdäitschen nord an der Indogermaneschen Eenheet -ner fir lénks oder ënner of, wat méiglecherweis op lénks vun der Sonn déi opgeet zeréckzeféieren ass.

Norden heescht och:

Definitiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Ëmgankssproochlech an an der Navigatioun gi mat Nord oder Norde verschidde Saache bezeechent:

Meeschtens eng graff Richtungsangab am nërdleche Beräich tëscht Nordwest an Nordost.
D'Bezeechnung fir déi nërdlech Hallschent vun engem Gebitt, z. B. vun engem Staat, enger Insel oder och vun der ganzer Welt.
D'Richtung laanscht de Meridian zum geographeschen Nordpol. Nord weisend ass déi wichtegst Bezuchgréisst an der Navigatioun.
an der Nord-Richtung vun de Feldlinne vum Äerdmagnéitfeld.
A Mëtteleuropa ass déi Ofwäichung vu rechtweisend- zu mëssweisend-Nord sou kleng, datt déi mëssweisend-Nordrichtung trotzdeem problemlos fir d'Orientéierung an d'Navigatioun gebraucht ka ginn. D'Ofwäichung tëscht der geographescher an der magnéitescher Nordrichtung gëtt als Deklinatioun bezeechent an ass z. B. aus Isogonekaarten oder der Wandrous op Séikaarten ofzeliesen.
Kuckt och: Deklinatioun (Geographie)
Richtung, an déi e Magnéitkompass weist, dat heescht laanscht d'magnéitesch Feldlinne vun der direkter Ëmgéigend, déi sech aus dem Äerdmagnéitfeld (Mëssweisend Nord) a lokale Magnéitfeldstéierungen duerch elektresche Stroum a magnéitesch aktiv Materialien (Deviatioun) zesummesetzen.
Kuckt och: Deviatioun
Bezuchsrichtung vun de Koordinatesystemer déi an der Satellittennavigatioun gebraucht ginn (Gauß-Krüger, UTM, UPS). Si wäicht vum geographeschen Norden ëm e variablen, Meridiankonvergenz genannte Wénkel, of.

Landkaarte ginn als Rummkaarten a mat der Ausnam vu Kaarte vun de Polargebidder sou gemaach, datt d'Nordrichtung ëmmer no uewe weist. Wann eng Kaart vun där Konventioun ofwäicht, dann ass d'Nordrichtung an der Reegel mat enger Wandrous uginn.

Och op den anere Planéite vun eisem Sonnesystem gëtt et d'Himmelsrichtung Norden, och do weist si den Nordpol un, dat heescht zum Pol a Richtung vun der Dréiachs vum Planéit.

Bestëmmung vun der Nordrichtung

[änneren | Quelltext änneren]
T-O-Kaart, aus dem Isidor vu Sevilla senger Etymologiae, Éischtdrock Günther Zainer, 1472 – uewen ass hei nach Osten, Septentrio lénks
Bestëmmung vun der Nordrichtung iwwer de Polarstär mat engem Senkel

Fir d'Bestëmmung vun der Nordrichtung existéiere verschidde Methoden.

Kuckt och

[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie