![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Reliounsprofesser Nicolas Weirich. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Weirich. |
Nicolas Weirich | |
---|---|
Gebuer |
20. Abrëll 1862 Kanech |
Gestuerwen |
31. August 1926 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Geeschtlechen |
![]() |
Den Nicolas (Nic.) Weirich, Neckel genannt [1], gebuer den 20. Abrëll[2] 1862 zu Kanech a gestuerwen den 31. August 1926 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
Dem Nic Weirich seng Eltere waren de Jean Pierre Weirich (Weyrich) vu Kanech an d'Anne Marie Rauen vu Lenneng. De Papp war Bauer (Ackerer). Den Nic. war dat jéngst vun néng Kanner.[3]
No sengem Premièresexamen am Stater Kolléisch am Joer 1882 ass den Nic. Weirich an de Seminaire vu Lëtzebuerg gaangen. Am August 1885 ass hien zum Priister geweit ginn. Dono huet hien zu Louvain zwee Joer laang Kiercherecht an Zivilrecht studéiert an uschléissend am Fréijoer 1890[4] säi Studium zu Roum op der Gregoriana mat engem Doktorat am Kiercherecht ofgeschloss. Vum November 1890 u war hie Vicaire an der Kathedral vu Lëtzeburg.[5]
Am Oktober 1896 gouf hie Reliounsprofesser am Iechternacher Kolléisch an gläichzäiteg och Direkter vum Iechternacher Schülerpensionat (Bullett). Am September 1902 huet hien als Professer demissionéiert, ass awer bis den 1. August 1909, wou hien aus Gesondheetsgrënn opgehalen huet,[6] Direkter vum Pensionat bliwwen.[7] Dono huet hie sech op de Lampertsbierg zeréckgezunn.[5]
Vum November 1917 bis de September 1921 huet hie Relioun a Moral an der Normalschoul enseignéiert. Am Oktober 1921 gouf hien Inspekter fir de Reliounsunterrecht an der Diözees Lëtzebuerg[8] a Member vun der staatlecher Unterrechtskommissioun [9].
1921 gouf hie Chanoine honoraire (Ehrendomherr) vun der Kathedral[10] an den 1. September 1924 Chanoine titulaire (Domkapitular)[11].
Den Nic Weirich gouf den 2. September 1926 zu Kanech begruewen.[12]
Hie war den Auteur vun enger Rei vu Publikatiounen, déi virun allem mat pedagogeschen oder schoulpolitesche Sujeten ze dinn haten.