Nicolas Neuens
Gebuer 11. November 1845
Bilschdref
Gestuerwen 30. August 1925
Weilerbaach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer, Naturheeler
Den Nicolas Neuens zur Zäit wou hien Direkter vum Institut Heliar war.

Den Nicolas Neuens, gebuer den 11. November 1845 zu Bilschdref a gestuerwen den 30. August 1925 an der Weilerbaach, war e lëtzebuergesche Paschtouer, Naturheeler, Grënner vum integralen Naturismus a Grënner vum Institut Heliar an der Weilerbaach.

Als Naturheeler war hie wäit iwwer d'Grenze vum Land bekannt.

Den Nicolas Neuens huet als Autodidakt d'Erkenntnesser vun der klassescher Medezin studéiert, awer hir Methoden (haaptsächlech d'Verschreiwe vu Medikamenter) net ugeholl.

Hien huet an der Weilerbaach den Institut Heliar gegrënnt, deen 1910 seng Dieren opgemaach huet. Do goufen d'Patienten no senger Method vum integralen Naturismus behandelt.

Den Naturismus am Neuens an anere Naturheeler aus dem 19. Joerhonnert hirem Sënn, ass net ze verwiessele mat Naturismus am Sënn vun Nudismus.

Dem Abbé Nicolas Neuens seng Kur huet bestanen aus:

Den Nicolas Neuens, dee vu gouereger Statur war, war als eegesënnegen a stolzen, dobäi awer sensibele Mann bekannt.

Op säi Wonsch hin ass hien uewen am Park vum deemolegen Institut Heliar begruewe ginn.

Nom Neuens sengem Doud huet den Dr. Éloi Welter, als medezineschen Direkter, seng Method am Institut Heliar weidergefouert.

1970 gouf zu Bilschdref am Schoulhaff e Monument zu sengen Éieren opgeriicht. Hie war de Stëfter vun de Klacke vun der Bilschdrëffer Haupeschkapell.[1]

Publikatiounen (Auswiel)

Eng ausféierlech Bibliographie vum Neuens senge Publikatiounen aus dem 19. Joerhonnert gëtt de Martin Blum (cf. Literatur); déi weider Wierker fënnt een an der Broschür aus dem Joer 1967 (cf. Literatur: Anonym, ongeféier 1967) op de Säiten 38-39.

Literatur

Fotoen

Um Spaweck

Commons: Nicolas Neuens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Parregëster