Neustrien oder Neustria war an der Zäit vu 511 bis 737 dee westlechen Deel vum fränkesche Räich tëscht der Seine an der Loire. D'Famill vun de Merowenger war do Här a Meeschter.
Neustrien hat, soulaang et bestoung, ëmmer nees Krich mat sengem ëstlechen Noper Austrasien, woubäi dës zwee Länner awer och dacks a Personalunioun matenee verbonne waren.
Neustrien ass aus dem Räich vu Soisson ervirgaangen, a war de Virleefer vum Westfränkesche Räich. D'Chefen haten den Titel Kinnek.
Commons: Neustria – Biller, Videoen oder Audiodateien |