D'Mythologie (aus de griichesche Wierder mythos a logos zesummegesaat) ass d'Totalitéit vun de Soen, Mythen a Märercher vun enger Kultur oder engem Vollek.
Mir schwätze meeschtens vu Mythologie wann et ëm d'Relioun vu vergaangenen Zivilisatioune geet. Bei den haitege Reliounen dinn sech déi Gleeweg schwéier mam Gedanken, datt hir Geschichten als Mythologie bezeechent ginn, fir Verschiddener ass dat souguer eng Beleidegung.
Verschidde Symboler fënnt een och an e puer Mythologië ronderëm d'Welt erëm, entweeder well se vun enger Kultur an déi aner iwwergaange sinn oder well se sech einfach onofhängeg vuneneen entwéckelt hunn (zum Beispill den Ouroboros).
Vu Gëtter, Elfen an Zauberer ass och nach haut riets. Bescht Beispill dofir ass wuel dem Tolkien säi Wierk The Lord of the Rings.
Commons: Mythologie – Biller, Videoen oder Audiodateien |