Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Dauer | 75 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch, Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Klaus Peter Weber |
Musek | (zousätzl.): Serge Tonnar |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent |
Rattlesnake Picture Brigitte Kerger |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Monsieur Warum ass en Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwer dem lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Televisiounsmoderator, Songschreiwer a Schauspiller Camille Felgen, genannt Camillo, säi Liewen.
De Film retracéiert dem Felgen säi Liewe chronologesch. E sëtzt sech zesummen aus laangen Interview-Zeene mam Camillo Felgen selwer, mä och mat Familljememberen a fréieren Aarbechtskolleegen. Dertëscht sinn eng Hellewull Archivopnamen (Film an Toun) an Dokumenter (Fotoen, Placken, asw.) mat agebaut.
Den Titel bezitt sech op dem Camillo Felgen säi gréisste Succès, "Sag Warum?" aus dem Joer 1961, deen eleng a Frankräich 1,5 Millioun mol verkaf gouf.
DeN DVD koum 2004 eraus an hat ufanks eng Oplag vun 1.000 Stéck, mee déi war esou séier ausverkaaft, datt de Centre national de l'audiovisuel (CNA) am selwechte Joer nach eng Kéier 1.000 weider Kopien op de Maart bruecht huet.[1]