LUXAIR | |
---|---|
Grënnung: | 1948 |
IATA-Code: | LG |
ICAO-Code | LGL |
Ruffzeechen: | Luxair |
Sëtz: | Lëtzebuerg |
Status: | Société Anonyme |
Flott: | 21 (14 Bestallt) |
D'Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne, ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft. Hir Heemechtsbasis ass de Fluchhafe Lëtzebuerg. 1948 gouf d'Luxembourg Airlines Company gegrënnt, an 1948 ass hiren éischte Fliger op Paräis geflunn. D'Gesellschaft ass 1961 a Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne ëmgenannt ginn an 1962 huet d'Gesellschaft mat Fluch-Operatiounen ugefaangen. Vun Ufank un haten d'Fligeren eng turquoise Faarf.
D'Haaptaktionäre (2021) vun der Luxair sinn de Lëtzebuerger Staat an d'Spuerkeess.
2018 huet d'Luxair 2.132.426 an am Joer 2019 2.148.098 Passagéier transportéiert. Déi duerchschnëttlech Auslaaschtungsquot vun alle Flich louch bei 71,6%. D'Flott war an deem Zäitraum am Ganzen 51.052 Stonne geflunn. Fir d'Luxair-Grupp hunn dat Joer ronn 2.800 Leit geschafft. D'Gesellschaft konnt sou um Enn vum Joresbilan e positiivt Netto-Resultat mat engem Total vu 9,458 Mio. Euro verbuchen.
Generaldirekter vun der Gesellschaft ass zanter dem 12. Mee 2020 de Gilles Feith, deen déi Plaz vum Adrien Ney iwwerholl hat, wéi deen no 15 Joer un der Spëtzt vun der Luxair am Juni 2020 an d'Pensioun gaangen ass[1].
Um Enn vun den 1950er Jore gouf Lëtzebuerg, ee vun de Grënnungsstaate vun der Europäescher Gemeinschaft, zum (virleefege) Sëtz vu verschiddene wichtegen europäeschen Institutiounen ausgewielt. Déi Ëmstänn hunn eng ëmmer méi grouss Nofro no effikasse Loftverbindungen tëscht Lëtzebuerg an aneren europäeschen Haaptstied mat sech bruecht.
Den 9. Januar 1948 gouf d'Luxembourg Airlines Company gegrënnt, an den 2. Februar 1948 ass hiren éischte Fliger, eng Douglas DC 3, op de Fluchhafe Le Bourget zu Paräis geflunn. D'Gesellschaft ass den 21. Oktober 1961 a Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne ëmgenannt ginn. Am Mäerz 1962 huet d'Gesellschaft mat Fluch-Operatiounen ugefaangen. Déi éischt Linn war Lëtzebuerg - Paräis a gouf mat enger Fokker F-27 Friendship geflunn[2].
1962 huet d'Luxair en éischten Accord mat der südafrikanescher Trek Airways ofgeschloss, wat spéider zu der Luxavia Joint Venture gefouert huet.
1967 hunn der Gesellschaft schonn 3 Fokker F-27 Friendship an eng Vickers Viscount gehéiert. Mat der Zäit goufen déi Fligeren duerch Typpe vu Boeing an Embraer ersat.
1970 ass d'Luxair eng vun de Gesellschaften, déi d'Cargolux grënnen.
1975 koum der Luxair hir Bordzäitschrëft Flydoscope fir d'éischt Kéier eraus[3].
Den 2. Dezember 1977 ass fir d'Luxair mam Kaf vun hirer éischter Boeing 737-200 eng nei Ära ugaangen. De Fliger krut d'Immatrikulatioun LX-LGH a gouf den 18. Dezember, vum deemolege Prënz Henri um Findel op den Numm "Prince Henri" gedeeft. De selwechten Nomëtte gouf d'Maschinn festlech mat Livesendung op RTL Télé Lëtzebuerg an de Linnendéngscht opgeholl an ass op Malaga geflunn.
Am Fréijoer 1999 gouf mat Newark am New Jersey, eng nei Transatlantikstreck mat 4 Flich pro Woch an d'Streckennetz vun der nationaler Fluchgesellschaft opgeholl. Déi Decisioun koum zustan, nodeems d'Icelandair hire Réckzuch vum Findel ugekënnegt hat. No 31 Woche war de Leasingskontrakt ofgelaf, an d'Fluchstreck tëscht Lëtzebuerg an New York ass mat engem Netto-Verloscht vu ronn 10,5 Mio Euro definitiv zougemaach ginn.
Zanter 2009 ass d'Luxair Partner bei der Lufthansa hirem Miles & More-Programm.
Wéinst neien héije Verloschter war d'Luxair gezwongen, d'Zuel vun hire Fligeren an Destinatiounen 2011 ze reduzéieren[4]. Déi zwou Embraer ERJ 135s goufen ausgemustert an d'Verbindunge mat Prag an Dublin goufen annuléiert[5].
Den 21. Oktober 2015 huet Luxair mat senger Fluchverbindung op Frankfurt opgehalen. De leschte Fliger, d'Embraer ERJ-145 LX-LGZ ass um 22:00 um Findel gelant. D'Fluchverbindung mat Frankfurt huet zanter dem 2. Abrëll 1962 bestanen[6].
Am Joer 2019 huet d'Luxair 2.148.098 Passagéier op hire Linnen- a Vakanzeflich transportéiert[7].
Den 30. Juni 2021 sinn d'Aktionäre vun der Luxair Group de Lëtzebuerger Staat (39,05%), d'Spuerkeess - Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat SA (21,81 %), Banque Internationale à Luxembourg SA (13, 14 %) , Delfin (13,00 %), Luxair (10,00 %), Luxair Finance (2,86 %) an Anerer (0,14 %). D'Luxair huet eng 35,10 % Aktien an der Cargo Fluchgesellschaft Cargolux[8].
Am Ufank haten d'Fligeren eng turquoise Faarf. Deen éischte Bombardier Q400 vun der Luxair, deen den 31. Mee 2007 fir d'éischt um Fluchhafe Lëtzebuerg gelant ass, ass an de rout-wäiss-bloe Faarwen.
2021 huet de Sumo, e Graffiti-Artist, den Design fir zwéi Fligere vun der Luxair[9] gemaach.
Registréiert Fligeren am August 2024 | |||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|
Immatrikulatioun | Fliger | Modell | Plazen | Immatrikulatioun | Fliger | Modell | Plazen |
LX-LGE | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402 | 76 | LX-LBA | Boeing 737-800 | B737-8C9 WIN | 186 |
LX-LGF | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LBB | Boeing 737-800 | B737-86J WIN | 186 |
LX-LGG | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LBK | Boeing 737 MAX 8 | B737-8 | 186 |
LX-LGM | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LBL | Boeing 737 MAX 8 | B737-8 | 186 |
LX-LGN | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LBR | Boeing 737-700 | B737-7K2 WIN | 141 |
LX-LQA | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LBT | Boeing 737-700 | B737-7K2 WIN | 141 |
LX-LQB | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LGQ | Boeing 737-700 | B737-7C9 WIN | 141 |
LX-LQC | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LGS | Boeing 737-700 | B737-7C9 WIN | 141 |
LX-LQD | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LGU | Boeing 737-800 | B737-8C9 WIN | 186 |
LX-LQI | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 | LX-LGV | Boeing 737-800 | B737-8C9 WIN | 186 |
LX-LQJ | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402NextGen | 76 |
Fliger Typ | Zuel | Bestallt | Optiounen | Plazen | Vitess Ø | Autonomie (km) |
Motoren | Bemierkungen |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Boeing 737-700 Winglets | 4 | - | - | 141 | 853 km/h | 4600 | CFM-International 56-7B | |
Boeing 737-800 *Split Scimitar Winglets | 4 | - | - | 186 | 853 km/h | 4050 / 4190 | CFM-International 56–7B | LX-LGU gouf speziell vum Graffiti-Kënschtler Sumo ugestrach.
LX-LGV mat engem spezielle Ustrach am Kader vum 60. Anniversaire vun der Luxair. LX-LBA mat enger Lackéierung an de Faarwe vun der europäescher Kulturhaaptstad "ESCH 2022". |
Boeing 737 MAX 7 | 0 | 4 | - | 160 | 853 km/h | 7130 | CFM-International LEAP-1B | |
Boeing 737 MAX 8 | 2 | 4 | - | 186 | 853 km/h | 5740 | CFM-International LEAP-1B | 2 sinn fir "Air Italy" geflunn a wäerte bis Enn 2027 geleast ginn. 2 nei bestallt bei Boeing a wäerte vun 2026 un ausgeliwwert ginn. 2 Optioune sinn den 28. Abrëll 2023 confirméiert ginn a wäerte bis Enn 2027 ausgeliewwert sinn. |
Boeing 737 MAX 10 | - | 2 | 2 | 213 | 853 km/h | 5740 | CFM-International LEAP-1B | |
Bombardier Q400 *NextGen | 11 | - | - | 76 | 667 km/h | 1750 | Pratt & Whitney Canada PW-150A Turboprop | LX-LQA gouf speziell vum Graffiti-Kënschtler Sumo ugestrach.
LX-LQJ gouf speziell "Think Pink" am Kader vun der Broschtkriibs Sensibilisatioun vun der Kënschtlerin Lisa Junius ugestrach. |
Embraer E195-E2 (ERJ 190-400) | 0 | 4[10] | 5 | 136 | 873 km/h | 4917 | Pratt & Whitney PW1900G | |
Total: | 21 | 14 | 7 | * = d'Informatioun gëllt net fir all Fliger vun engem Typ |
Fréier huet Luxair ënner anerem follgend Fligeraarte benotzt:[11]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Fluch 9642 .
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Fluch 8852 .
Commons: Luxair – Biller, Videoen oder Audiodateien |