Luis Bacalov | |
---|---|
Gebuertsnumm | Luis Enrique Bacalov |
Gebuer |
30. August 1933 Buenos Aires |
Gestuerwen |
15. November 2017 Roum |
Doudesursaach | Leukemie |
Nationalitéit | Argentinien, Italien, Kinnekräich Italien, Bulgarien |
Aktivitéit | Pianist, Komponist, Dirigent, Filmkomponist |
De Luis Bacalov gebuer als Luis Enríquez Bacalov den 30. Mäerz 1933 zu Buenos Aires a gestuerwen de 15. November 2017 zu Roum, war en argentinesch-italieenesche Komponist.
Hien huet d'Musek fir iwwer 160 Kinos- an TV-Filmer komponéiert ënner verschiddenen Nimm wéi: Luis Enriquez Bacalov, Luis E. Bacalov a Luis Bacalof.
1996 krut hien en Oscar fir d'Musek vum Film Il Postino . Hien huet och d'Musek fir eng Partie Italowestern geschriwwen ënner aneren déi vum Kultfilm Django (1966) vum Sergio Corbucci mam Franco Nero an der Haaptroll. Hie war als Komponist fir bedeitend Regisseure wéi: Damiano Damiani, Pier Paolo Pasolini, Ettore Scola, Lina Wertmüller, Federico Fellini a Michael Radford aktiv.
De Bacalov huet nieft der Filmmusek awer och klassesch Stécker fir Orchester a Chouer komponéiert.