Laurent Schley
Gebuer 8. Juni 1973
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Keele,
Universitéit vu Kent,
Universitéit vu Sussex
Aktivitéit Zoolog
Member vun European Mammal Foundation, Société des naturalistes luxembourgeois, Deutsche Gesellschaft für Säugetierkunde, Association des biologistes luxembourgeois, natur&ëmwelt

De Laurent Schley, gebuer den 8. Juni 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Zoolog.

Liewenslaf

[änneren | Quelltext änneren]

Schoul

[änneren | Quelltext änneren]

De Laurent Schley huet säi Premièresexamen 1992 am Athenäum gemaach. Duerno huet hie Biologie a Biochimie op der Keele University (B.Sc. 1995) an Naturschutzbiologie op der University of Kent (M.Sc. 1996) studéiert. Op der University of Sussex (Brighton) huet hie säin Doktorat am Beräich vun der Wëldbiologie gemaach (1997-2001).

Aarbecht

[änneren | Quelltext änneren]

1997 huet de Laurent Schley « Conservation Assistant » am Surrey Wildlife Trust vu Pirbright geschafft. Vun Dezember 1999 bis Mee 2000 war hie bei der Fondatioun Hëllef fir d'Natur an am Juni 2000 krut hien eng Plaz am Service de la conservation de la nature vun der Forstverwaltung, déi an der Tëschenzäit Naturverwaltung (Administration de la nature et des forêts) heescht, a war bis 2010 am Naturschutz aktiv. Vun 2010 bis 2012 war hien zoustänneg fir de Beräich vun der Juegd. Zanter dem 1. Januar 2013 ass de Laurent Schley «Directeur adjoint» vun der Naturverwaltung.

Dem Laurent Schley seng wëssenschaftlech Recherche konzentréiert sech speziell op d'Mamendéieren an d'Amphibien. Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rei vun zoologeschen Artikelen an ass zanter 1997 wëssenschaftleche Mataarbechter vum Nationalmusée fir Naturgeschicht.

Zanter 1984 ass hie Member vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, déi haut natur&ëmwelt heescht a zanter 1998 vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) (Kommiteesmember zanter 2000 a Member vum Redaktiounskommitee vum SNL-Bulletin). Zanter 2001 ass hien och Member vun der Deutsche Gesellschaft für Säugetierkunde, an zanter 2006 vun der Association des Biologistes Luxembourgeois (ABiol).

Zanter 2017 ass de Laurent Schley Member vun der Large Carnivore Initiative for Europe, enger Grupp vun Experten am Kader vun der Aarteschutzkommissioun vun der Weltnaturschutzunioun (IUCN).

2018 huet de Laurent Schley zesumme mam Jan Herr d'Buch « Säugetiere Luxemburgs » rausbruecht, an 2019 déi franséisch Versioun « Les mammifères du Luxembourg », déi dem verstuerwene Politiker Camille Gira (déi Gréng) dedicacéiert ass.

Zesumme mam Anthony Mitchell-Jones, Johan Thissen an Svetlana Miteva huet de Laurent Schley 2018 eng europäesch Fondatioun (European Mammal Foundation) gegrënnt, déi sech fir d'Kartographie an de Schutz vun de Mamendéieren asetzt. Bis 2023 war hie Sekretär vun där Fondatioun. Hien ass Member vum « Steering Group » vum Projet « European Mammals on Maps 2 », deen als Zil huet, den 2. Atlas vun allen europäesche Mamendéieren ze publizéieren.

Hobby

[änneren | Quelltext änneren]

De Laurent Schley ass den Initiator vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker (AHA Lëtzebuerg a.s.b.l.), déi am Joer 2010 gegrënnt gouf an déi hie bis den 10. Mee 2019 presidéiert huet. Hien ass zanterhier Éierepresident.


Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

Bicher

[änneren | Quelltext änneren]

Buchkapitelen

[änneren | Quelltext änneren]

Fachartikelen

[änneren | Quelltext änneren]

Amphibien

[änneren | Quelltext änneren]

Mamendéieren

[änneren | Quelltext änneren]

Naturschutz

[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes

[änneren | Quelltext änneren]

Literatur

[änneren | Quelltext änneren]