Kriibsen | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Kriibsen | |||||||||||
Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
Crustacea | |||||||||||
Klassen | |||||||||||
Sandkriibsen |
D'Kriibsen (Crustacea) bilde mat op d'mannst 52.000 bekannten Aarten en Ënnerstamm vun den Arthropoden. Déi meescht dovu liewen am Mier.
Déi meescht Kriibse liewen am Mier, vill Aarten awer och am Séisswaasser an eng Rei souguer u Land.
Kriibsen ënnerscheede sech ganz däitlech an der Gréisst an um Kierperbau. Si hunn awer alleguer e Baussesklett, dee si fir ze wuesse vun Zäit zu Zäit ofhaite mussen, an zwee Puer Antennen. Vill vun hinnen hu Komplexaen. Si ootme meeschtens duerch hir Kimen un de Been. Verschidde Kriibsaarten hu speziell Bee fir ze schwammen. Zéngfousskriibsen hunn dacks vir Schéieren amplaz Been. Hire Kreeslaf ass op an hiert Blutt (Hämolymphe) fléisst bei de groussen Aarten duerch de Kierper an d'Häerz zeréck. D'Nervesystem besteet aus Kniet.
Commons: Crustacea – Biller, Videoen oder Audiodateien |