Numm |
lb: Krautmaart fr: Rue du Marché-aux-Herbes |
---|---|
Fréieren Numm |
lb: Neie Maart fr: Rue du Gouvernement, Rue de de la Trinité de: Krautmarkt (verschidden Deeler, bis 1925)[1] |
Längt | ca.210 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Postcode | 1728 |
Koordinaten |
49° 36’ 39.4’’ N 06° 07’ 56.8’’ O |
Genannt no | Kichekraut, Maart |
De Krautmaart (offiziell: rue du Marché-aux-Herbes) an der Stad Lëtzebuerg ass eng Plaz, oder éischter eng Strooss, déi am Nordwesten als Verlängerung vun der Groussgaass, op der Kräizung mat der Schigrisgaass (rue du Nord) an der Rue Wiltheim ufänkt an op hirem südlechen Enn iwwer d'Kräizung mat der Waassergaass ewech, an d'Hossegässel (rue du Saint-Esprit) iwwergeet.
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Krautmarkt” geheescht[2].
Déi bekanntst Gebaier um Krautmaart sinn de Groussherzogleche Palais an d'Chambersgebai. Och dat eelst Wunnhaus aus der Stad, d'Haus Höcklin von Steinach, steet do vis-à-vis. De Conrotseck, op Nummer 1-3, ass 1989 an den Zousazinventaire vun de klasséiertre Monumenter agedroe ginn. Bis 1779 stoung um Krautmaart, do, wou haut d'Chambersgebai ass, d'Nikloskierch.
Den Numm "Krautmaart" kënnt dohier, well d'Leit aus der Ëmgéigend do Kraider a soss Geméis verkaaft hunn. E gouf ufanks Neie Maart genannt, fir e vum Ale Maart, dem haitege Fëschmaaart, z'ënnerscheeden.
"Um Krautmaart" gëtt metonymesch dacks fir d'Chamber, dat Lëtzebuerger Parlament, gebraucht.
Commons: Krautmaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Boulevarden an der Stad Lëtzebuerg | |
---|---|
|
Stroossen an der Stad Lëtzebuerg | |
---|---|
|