Centre grand-ducal d'art dramatique Kasemattentheater | |
---|---|
Grënnungsdatum | 11.12.1964 |
Sëtz |
14, Rue du Puits L-2355 Lëtzebuerg |
Websäit | https://www.kasemattentheater.lu |
De Kasemattentheater (fr.: Théâtre des casemates)[1] ass e lëtzebuergeschen Theater-Ensembel.
E gouf den 11. Dezember 1964 als Centre grand-ducal d'art dramatique asbl vum Tun Deutsch gegrënnt, dee wollt avantgardisteschen Theater fir en neie Public opféieren, an de Schauspiller-Beruff opzewäerten. 1965 gouf e Summerfestival an de Kasematten um Bock organiséiert, wou La leçon a La jeune fille à marier vum Eugène Ionesco opgefouert goufen.
Vun do u gouf nach just vu Kasemattentheater geschwat, soudatt dësen Numm dee vum Centre grand-ducal d'art dramatique ersat huet.
1991 ass de Kasemattentheater am alen Tramsschapp um Lampertsbierg ënnerkomm, wou e bis 1997 gespillt huet.
Am Mäerz 1998 huet de Kasemattentheater vun der Stad Lëtzebuerg eng Lagerhal zu Bouneweg iwwerlooss kritt, wou e sech fir zerguttst ariichte konnt. De Sall gouf nom Tun Deutsch genannt, deen 1977 stënterlech gestuerwe war. E gouf ee Joer drop mat der Opféierung vum Dario Fo sengem Kinder, Küche, Kirche ageweit.[2]
De Kasemattentheater ass Member vun der Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels.