Joseph Hackin
De Joseph Hackin (1932), Zeechnung vum Alexander Jakowlew.
Gebuer 8. November 1886
Béiwen-Atert
Gestuerwen 24. Februar 1941
Doudesursaach Erdrénken
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Educatioun Institut d'études politiques de Paris,
Institut national des langues et civilisations orientales
Aktivitéit Archeolog
Famill
Bestuet mat Marie Hackin
Dem Joseph Hackin säi Gebuertshaus zu Béiwen op der Atert.
Plack op der viischter Fassad vum Gebuertshaus.
Elfebee vum Schaz vu Begram (Musée Guimet).
De Musée Guimet zu Paräis.

De Joseph Hackin, gebuer den 8. November 1886 zu Béiwen-Atert, a gestuerwen de 24. Februar 1941 op der SS Jonathan Holt wéi déi am Atlantik, eng 350 Meile westlech vun de Färöer Inselen vun engem däitschen U-Boot torpedéiert gouf, war e lëtzebuergeschen Archeolog, deen 1913 déi franséisch Nationalitéit ugeholl hat.[1]

Dem Joseph Hackin säi Gebuertshaus gehéiert zu engem fréiere Bauerenhaff zu Béiwen-Atert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gebuertshaus vum Joseph Hackin.

De Papp war Kutscher. De Joseph Hackin huet a Frankräich um private Collège J.B. de la Salle zu Dreux am Departement Eure-et-Loir säi Secondairestudium gemaach an dunn zu Paräis op der École des langues orientales an op der École libre des sciences politiques studéiert.

1907 gouf e Sekretär vum Industriellen a Konschtsammler Émile Guimet. 1913, nodeem en déi franséisch Nationalitéit ugeholl hat, gouf den Hackin Conservateur-adjoint vum Musée Guimet.

Am Éischte Weltkrich huet hie sech vum einfachen Zaldot bis zum Läitnant um Enn vum Krich eropgeschafft. Dräimol blesséiert, krut hie fir seng Verdéngschter hien d'Croix de guerre 1914-1918 an d'Légion d'honneur am Grad vum Chevalier.

1923 gouf e Conservateur vum Musée Guimet.

De Joseph Hackin hat 1916 en Doktorat an der Literatur mat der Mention très honorable gemaach an huet 1928 op der École des hautes études an der École du Louvre enseignéiert. Ënner senge Studente war d'Marie ("Ria") Parmentier (1905-1941), seng spéider Mataarbechterin déi hien de 24. September 1928 zu Ars-sur-Moselle bestuet huet. Dat nämmlecht Joer gouf hien zu Lëtzebuerg mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent.

Vun 1930 bis 1933 war hien Direkter vun der Maison franco-japonaise zu Tokyo, an huet gläichzäiteg, 1931-1932, als Archeolog bei der Croisière jaune vum André Citroën matgemaach.

Zënter 1923 un huet den Hackin Studiereesen an Afghanistan gemaach, op Bâmiyân a Begram (dat fréiert Kapissa). 1934 gouf hien Direkter vun der Délégation archéologique française en Afghanistan (DAFA). Seng Fra Ria huet 1937 zu Begram e Schatz ausgegruewen, vun deem en Deel haut nach am Musée Guimet ze gesinn ass.

France libre

Wéi Frankräich am September 1939 Däitschland de Krich erkläert hat, gouf den Hackin Kapitän zu Kabul, duerno Kommandant ënner dem Etat-major vum Théâtre d'opérations du Moyen-Orient (Beirut). De 6. Juli huet hien dem Generol Charles de Gaulle telegraphéiert, hie géif zu him an der Arméi vun der France libre halen, an ass doropshin op London gefuer.

Am Februar 1941 huet de Generol de Gaulle de Joseph Hackin zum Délégué de la France libre an Indien a ronderëm ernannt, d'Ria Hackin gouf Lieutenant des Forces françaises féminines. Well et zu där Zäit wéinst dem Krich méintlaang gedauert hätt fir zwou Plazen zesummen an engem Fliger ze kréien, an eng Schëffsrees och méi bëlleg war, huet d'Koppel decidéiert d'Rees mam Schëff unzetrieden.

D'Ria an de Joseph Hackin hunn zwou Plazen um Cargoschëff SS Jonathan Holt gebucht mat deem se den 20. Februar 1941, zesumme mat 24 anere Schëffer[2] am Convoy OB-289 begleet vu Krichsschëffer, Liverpool mat Destinatioun Westafrika verlooss hunn. De 24. Februar 1941 gouf hiert Schëff eng 350 Meile westlech vun de Färöer-Inseln (Positioun 61°10'N, 11°55'W) vum däitschen U-Boot U-97 ugegraff a mat zwéin Torpedoe versenkt. Déi zwee sinn zesumme mat aacht anere Passagéier an 41 Séileit ëm d'Liewe komm. Nëmme sechs Leit, zwéi Passagéier a véier Besatzungsmemberen[3],[4], hunn den Ënnergang iwwerlieft.

Zu Lëtzebuerg erënnert eng Strooss a sengem Gebuertsduerf Béiwen un de Joseph Hackin. Zanter 2002 gëtt et och eng Strooss um Kierchbierg, déi no him genannt ass. Am Joer 2022 gouf den Odonym vun der Stater Strooss geännert andeems de Virnumm vum Hackin senger Fra bäigesat gouf. D'Strooss heescht zanterhier Rue Marie-et-Joseph-Hackin, änlech wéi déi am Paräisser 16. Arrondissement (Rue Joseph-et-Marie-Hackin).

Bibliographie

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Joseph Hackin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Biographie Vum Jospeh Hackin op der Säit vum Ordre de la libération Archivéiert op 2012-08-13. Gekuckt de(n) 2011-08-15.
  2. http://wiesel.wlb-stuttgart.de/seekrieg/konvois/oa-41.htm Geleitzugroute - Grossbritannien-auswäerts
  3. Rapport op uboat.net
  4. An engem Zeitungsbericht iwwer de Matrous Stanley Candlish geet nëmme vun dräi Leit rieds