Iwan IV. vu Russland | |
---|---|
Gebuertsnumm | Иван Васильевич |
Gebuer |
25. August 1530 jul. Kolomenskoje |
Gestuerwen |
18. Mäerz 1584 jul. Moskau |
Doudesursaach | Vergëftung |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Anastasia Romanowna, Marija Temrjukowna, Marfa Sobakina, Anna Koltovskaya, Anna Vasilchikova, Vasilisa Melentyeva, Marija Fjodorowna Nagaja |
Papp | Wassili III. |
Mamm | Helena Glinskaja |
Geschwëster | Yuri vun Uglich |
Kanner | Dimitri Iwanowitsch, Iwan Iwanowitsch, Fjodor I., Dmitri Iwanowitsch, Anna Ivanovna, Vasilij Ioannovitj |
Den Iwan IV. Wassiljewitsch, de Schrecklechen (ru.: Ива́н (Иоа́нн) Васи́льевич Гро́зный - eigentlech z'iwwersetzen als dee Strengen an net dee Schrecklechen), gebuer de 25. August 1530 zu Kolomenskoje a gestuerwen den 18. Mäerzjul./ 28. Mäerz 1584greg. zu Moskau, war deen éischte Groussfierscht vu Moskau, dee sech zum Zar vun der ganzer Rus kréine gelooss huet. Hie kënnt fiktiv aus der Fierschtefamill vun de Kiewer Rurikiden.
Seng Eltere waren de Groussfierscht Wassili III. a seng Fra d'Helena Glinskaja.
Den Iwan IV. huet d'Verwaltung, d'Gesetzer an d'Arméi am Fong reforméiert, an doduerch d'Zentralgewalt méi staark gemaach. Hien huet och den niddregen Déngschtadel op Käschte vun de mächtege Bojare méi staark gemaach.
Ënner senger Herrschaft huet sech d'Zarentum Russland wäit no Osten an no Süde verbreet, haaptsächlech op Käschte vun den tataresche Khanate Kasan, Astrachan a Sibirien, fir sou zu engem multiethneschen a multikonfessionelle Staat vun iwwer 4 Millioune km² ze ginn.
De Livlännesche Krich deen e gefouert huet, huet zu kengem positive Resultat gefouert, an och den interne Terror (Opritschnina) hunn d'Land geschwächt.
Den Iwan gëtt als ee komplexe Personnage beschriwwen, intelligent a fläisseg, deen d'Konscht an Handel ënnerstëtzt huet, ma heiansdo och rosen a gewalttäteg, mat Ausbréch vun enger paranoider Geeschteskrankheet. Sou huet hien z. B. säi Jong an Nofollger, den Tsarewitsch Iwan Iwanowitsch, am Sträit doutgeschloen.
Commons: Iwan IV. vu Russland – Biller, Videoen oder Audiodateien |