Helmut Qualtinger | |
---|---|
Gebuer |
8. Oktober 1928 Wien |
Gestuerwen |
29. September 1986 Wien |
Doudesursaach | Liewerzirros |
Nationalitéit | Éisträich |
Educatioun | Universitéit Wien |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Journalist, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Kabarettist, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Vera Borek |
Den Helmut Qualtinger, gebuer als Helmut Gustav Friedrich Qualtinger den 8. Oktober 1928 zu Wien an och do gestuerwen den 29. September 1986, war en éisträichesche Schauspiller, Schrëftsteller a Kabarettist.
Hien huet a bekannte Filmer wéi Die schöne Lügnerin (1959) vum Axel von Ambesser mat der Romy Schneider, Der Richter und sein Henker (1975) vum Maximilian Schell nom Roman mam selwechten Numm vum Friedrich Dürrenmatt an The Name of the Rose (1986) vum Jean-Jacques Annaud nom Roman Il nome della rosa vum Umberto Eco matgespillt.
Hien hat och eng Nieweroll am Film König der Manege vum Ernst Marischka mam Rudolf Schock an der lëtzebuergescher Schauspillerin Germaine Damar an den Haaptrollen.
Commons: Helmut Qualtinger – Biller, Videoen oder Audiodateien |