Den Haffmarschall ass den ieweschte Verwaltungsbeamten op engem fürstlechen Haff. Hien iwwerwaacht déi ekonomesch Dossiere vum Haff an ass de Preposé vum Maréchalat, der Haffmarschallsverwaltung.
Fréier gouf all Staatsdéngscht als Haffdéngscht ugesinn an dowéinst besteet den Titel Marschall, Kanzler oder Minister bis haut nach an de Fürstenhaiser déi nach bestinn. D'Haffmarschäll hu sengerzäit ëmmer zum Adel gehéiert an et waren dacks pensionéiert héich Membere vum Militär.
Zu de Flichte vun engem Haffmarschall gehéiert d'Organisatioun vun den Empfäng an den Audienze grad ewéi vun de Reesen an de Staatsvisitte vun de Membere vum Herrscherhaus. Den Haffmarschall huet d'Opsiicht iwwert de kinnekleche Stot, inklusiv der Organisatioun vum Iessen, der Kichen oder dem Wäikeller.
An Däitschland bestoung en Haffmarschall nach bis 1945 um fréieren Haff vun den Hohenzollern. Et war den héchste Beamten am Hausministère, deem säi Siège Unter den Linden zu Berlin war. En huet d'Verméige vum deemolege preisesche Kinnekshaus verwalt.
Hautdesdaags gëtt et den Titel vum Haffmarschall nach a Schweden (hovmarskalksämbete), Dänemark (hofmarskal) an zu Lëtzebuerg. An der Belsch gouf d'Funktioun vum Haffmarschall 2006 ofgeschaaft.
Zu Lëtzebuerg kann den Haffmarschall - nieft den allgemenge Funktiounen - de Groussherzog bei Manifestatioune vertrieden, wann deen net selwer deelhuele kann[1].
Duerch den Arrêté grand-ducal vum 9. Oktober 2020 mat deem d'Maison du Grand-Duc an d'Liewe geruff gouf[2], gouf och d'Funktioun vum Haffmarschall definéiert. Den Haffmarschall gëtt als Staatsbeamten agestallt a vum Grand-Duc genannt.
Den Haffmarschall vertrëtt de Staatschef an organiséiert seng offiziell Aktivitéiten. Hie representéiert d'Maison du Grand-Duc géintiwwer Drëttpersounen a virun der Justiz. Zu sengen Aufgabe gehéiert och d'Organisatioun vun nationalen an internationalen Audienzen a Staatsvisitten. Hien ass zoustänneg fir d'Relatiounen tëscht dem groussherzoglechen Haff an der Regierung a bekëmmert sech ëm d'ëffentlech Aktivitéite vum Staatschef a senge Familljememberen.
Den Haffmarschall ass zoustänneg fir d'bannenzeg a baussenzeg Kommunikatioun vun der Maison du Grand-Duc. Hien huet de Pouvoir iwwer d'Personal vun der Maison du Grand-Duc, sou wéi e Verwaltungschef dat fir d'Personal vum Staat huet.
Numm | vun | bis |
---|---|---|
... | ||
Alfred Loesch | 1947 | 1964 |
... | ||
Guy de Muyser[3] | 1971 | 1981 |
Christian Calmes | 1981 | 1984 |
... | ||
Henri Ahlborn | 1993 | 2002 |
Jean-Jacques Kasel | 2002 | 2007 |
Henri Ahlborn[4] | 2007 | 30. September 2007 |
Pierre Mores[5] | 1. Oktober 2007 | Mee 2013 |
Pierre Bley[6] | 1. September 2013 | 31. Dezember 2015 |
Lucien Weiler[7] | 4. Januar 2016 | Enn Mäerz 2020 |
Interim als conseillers spéciaux:
André Prum an Norbert Becker[8],[9] |
Enn Mäerz 2020 | 30. Mee 2020 |
Yuriko Backes[10][11] | 1. Juni 2020 | 4. Januar 2022[12] |
Yves Arend (Interim)[13] | 4. Januar 2022 | |
Paul Dühr[14] | 1. Abrëll 2022 |
Commons: Hofmarschall – Biller, Videoen oder Audiodateien |