Guy May | |
---|---|
Gebuer | 1945 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | Section historique vum Institut grand-ducal |
De Guy May, 1945 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, ass e lëtzebuergeschen Auteur.
Nom Secondaire an der Stad ass hien 1965 an den deemolege Staatsarchiv agetrueden, wou hien zulescht Conservateur war. 1993 huet hien d'Lëtzebuerger Nationalarchiv verlooss fir um Groussherzoglechen Haff d'Funktioun vum Haffkommissär unzetrieden. 2009 goung hien an d'Pensioun.
Hien ass Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal, a vun der Comission héraldique de l'Etat, an huet ë. a. an der Hémecht, an de Cahiers luxembourgeois, an nos cahiers, an der Galerie, am Luxemburger Wort an an ons Stad Artikelen iwwert national a lokal Geschicht resp. iwwer dat kulturellt Liewen am 19./20. Joerhonnert publizéiert.