Giuseppe Patroni Griffi | |
---|---|
Gebuer |
27. Februar 1921 Neapel |
Gestuerwen |
15. Dezember 2005 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Dramatiker, Regisseur |
Den Giuseppe Patroni Griffi, gebuer de 27. Februar 1921 zu Neapel a gestuerwen de 15. Dezember 2005 zu Roum, war en italieenesche Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Film- an Theaterregisseur.
Patroni Griffi huet als Schrëftsteller souwuel Romaner wéi och Theaterstécker geschriwwen.
Hien huet als Regisseur sechs Filmer gedréit an un den Dréibicher vu Filmer fir verschidde Regisseure wéi Francesco Rosi, Roberto Rossellini, Luchino Visconti a Valerio Zurlini matgeschafft.