Gemeng Esch-Sauer | |
---|---|
déi fréier Märei zu Esch-Sauer | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Esch-sur-Sûre de: Esch-Sauer |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Wolz |
Chef-lieu | Eschduerf |
Buergermeeschter | Laurent Hilger |
Awunner | 3.129 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 5.126 ha |
Héicht | 282 m |
Koordinaten |
49° 54’ 41’’ N 5° 56’ 5’’ O |
LAU-Code | LU0802 |
Websäit | https://esch-sur-sure.lu |
D'Gemeng Esch-Sauer ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Eschduerf.
D'Gemeng Esch-Sauer ass zanter 2012 mat 5.126 ha flächeméisseg déi gréisst am Kanton Wolz.
Zanter dem 1. Januar 2012 sinn d'Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen fusionéiert[2]. De Sëtz vun der neier Gemeng ass zu Eschduerf.
Stand virun der Fusioun
Quell:STATEC
Stand no der Fusioun
De Gemengerot, deen aus de Gemengewale vun 2011 erausgoung, setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen, an zwar
Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 gouf et keng Sektioune méi an der Gemeng.
Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot vun der Gemeng Esch-Sauer eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.
gewielt: 1. Gilles Kintzelé (535 Stëmmen), 2. Myriam Goedert (bestuet Zoetaert) (497 Stëmmen), 3. Jeannot Sanavia (381 Stëmmen), net gewielt: 4. Silvia Jeanne Kirchens (bestuet De Brouwer) (331 Stëmmen), 5. Xavier Miller (328 Stëmmen).
gewielt: 1. Serge Zeien (648 Stëmmen), 2. Robert Everling (629 Stëmmen), 3. Christiane Ferber (bestuet Weiler) (558 Stëmmen), 4. Marc Binsfeld (529 Stëmmen), 5. Roger Origer (492 Stëmmen), 6. Yves Karier (488 Stëmmen), 7. John Sliepen (449 Stëmmen), net gewielt: 8. Georges Weyer (408 Stëmmen), 9. Romain Grethen (295 Stëmmen), 10. Nico Hottua (231 Stëmmen), 11. Peter Hundsrucker (187 Stëmmen), 12. Robert Schroeder (146 Stëmmen).
Well de Robert Everling säi Mandat am Gemengerot vun der Gemeng Esch-Sauer net ugeholl huet, ass de Georges Weyer fir hien nogeréckelt.
An der Sektioun Néngsen hate sech geneesou vill Kandidaten ageschriwwe wéi Plazen ze besetze waren an dofir waren déi dräi Kandidaten automatesch gewielt. Et sinn: Joël Feyerstein, Roger Lanners a Léon Rippinger.
De Schäfferot huet follgendermoossen ausgesinn:
Follgend Leit sinn 2017 an de Gemengerot vun Esch-Sauer gewielt ginn: Marc Binsfeld, Romain Brimmeyer, Laurent Hilger, Annette Lutgen, Roger Origer, Franco Pereira Concalves, Jeannot Sanavia, Marco Schank a Mireille Welter (bestuet Missavage).
De Marco Schank gouf zum Buergermeeschter ernannt, déi zwéi Schäffen goufen de Franco Pereira Concalves an de Jeannot Sanavia.
2023 gouf eng éischte Kéier nom Proporz-System gewielt. D'Biergerlëscht "Mat Iech" hat 8 vun 11 Sëtz kritt a stellt domat den neie Schäfferot. Neie Buergermeeschter gouf den Éischtgewielte Laurent Hilger, Éischt Schäffin gëtt déi Drëttgewielt Jenny Schank an Zweet Schäffin déi Fënneftgewielt Mireille Welter[3].
Joer | Mat Iech | Fräi Lëscht |
---|---|---|
2023 | 8 | 3 |
D'Gemeng Esch-Sauer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Commons: Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien |