De GSM-R, Ofkierzung fir Global System for Mobile Communications-Railway, ass e Kommunikatiounssystem fir d'Eisebunn. E baséiert um Funkstandard GSM a gouf fir d'Eisebunnen ugepasst. Et ass en einfache System fir den Austausch vun Informatiounen tëscht dem Buedempersonal an dem Zuchpersonal, sief dat mëndlech oder iwwer Donnéeën.
De GSM-R ass eng vun den zwou Basiskomponente vum ERTMS. Déi aner ass den ETCS.
De GSM-R soll bei der CFL all analog Eisebunnsfunksystemer ofléisen, nämlech den Zuchfunk (A-Kanal), de Rangéierfunk (C-Kanal) an de Maintenancefunk. En Zuch ass an dësem System iwwer eng eege Ruffnummer erreechbar.
Den 30. Mäerz 2016 huet d'CFL d'éisträichesch Eisebunnstelekommunikatiounfirma Kapsch CarrierCom mam Opbau vun engem nationale GSM-R baséierte Kommunikatiounsreseau beoptraagt[1]. 271 Eisebunnskilometer sollte sou bis Ufank 2017 mam GSM-R ekipéiert sinn. Deen Delai konnt net agehale ginn, sou datt en elo de 15. August 2018 soll ulafen.[1]
An Europa sinn d'CEPT-Memberstaaten (alleguer d'Länner déi an der EU sinn, souwéi nach Albanien, Andorra, Aserbaidjan, Wäissrussland, Bosnien an Herzegowina, Georgien, Island, Liechtenstein, Moldawien, Monaco, Montenegro, Nordmazedonien, Norwegen, Russland, San Marino, Serbien, d'Schwäiz, d'Tierkei, d'Ukrain an de Vatikanstad) an de Projet mat agebonnen.
An Europa gëtt op follgende Bandbreeten (900 MHz) gesent:
876–880 MHz fir den Uplink, also fir d'Sende vun Daten[3].
921–925 MHz fir den Downlink, also d'Empfänke vun Daten.
D'Funktiounsruffnummere musse vum Netz opgeléist an op den Endgeräter an Textform duergestallt ginn.
D'Uruffzoustellung ofhängeg vun der Openthaltsplaz muss méiglech sinn. Sou kann, ofhängeg vun der Openthaltsplaz, mat der selwechter Funktiounsrufnummer den zoustännege Fuerdéngschtleeder erreecht ginn.
D'Implementéierung vun engem eisebunnsspezifeschen Noutruff.
D'Implementéierung vun den Advanced Speech Call Items ass erfuerderlech.
D'Ënnerstëtzung vum Déngscht VBS (Voice Broadcast Service) ass noutwendeg. Dobäi handelt et sech ëm en unidirektionellen Uruffdéngscht, bei deem méi wéi zwee Endgeräter ugeruff kënne ginn: Si kënnen awer nëmmen nolauschteren, a selwer net schwätzen.
D'Ënnerstëtzung vum Déngscht VGCS (Voice Group Call Service) ass noutwendeg. Dobäi handelt et sech ëm e bidirektionellen Uruffdéngscht, deen zäitgläich u ganz Benotzergruppen zougestallt gëtt an an dem all d'Participante schwätze kënnen.
D'Ënnerstëtzung vu Funktiounsrufnummere fir VBS a VGCS ass noutwendeg. Hei mussen Adresséierungsméiglechkeete wéi beispillsweis all d'Zich oder all d'Zuchpersonal ënnerstëtzt ginn.