E Fjord ass e Mieresaarm dee wäit an d'Land erareecht an op eng fir Fjorden typesch Manéier entstanen ass.
D'Fjorden entstinn duerch sougenannt Dallgletscher, déi vun hirer Ursprongsplaz duerch breet Flossdäller fléissen an doduerch eng Erosioun vum Flossbett erbäiféieren. Wéi dunn um Enn vun der leschter Äiszäit de Mieresspigel duerch dat geschmoltent Äis geklommen ass sinn dës Däller vum Mier iwwerschwemmt ginn an d'Bildung vun de Fjorden war fäerdeg.
Ganz bekannt sinn déi norwegesch Fjorden un der Westküst vum Land. Fjorde gëtt et awer och an Island, Grönland, Neiséiland, Feierland, Schottland, Alaska an Neifundland.
|
|
|
|
|
Commons: Fjords – Biller, Videoen oder Audiodateien |