Ferdinand Marian | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ferdinand Haschkowetz |
Gebuer |
14. August 1902 Wien |
Gestuerwen |
7. August 1946 München |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Auteur |
De Ferdinand Marian, gebuer als Ferdinand Haschkowetz de 14. August 1902 zu Wien a gestuerwen den 9. August 1946 bei Freising, war en éisträichesche Schauspiller.
Hien ass als Schauspiller am Theater zu Graz, Tréier, Mönchengladbach, Oochen, Hamburg, München a Berlin opgetrueden.
Am Kino war hien a grousse Filmer wéi La Habanera (1937) vum Detlef Sierck, Romanze in Moll (1943) vum Helmut Käutner an a Münchhausen (1943) vum Josef von Báky ze gesinn. Hien huet awer och d'Haaptroll am Nazi-Propagandafilm Jud Süß (1940) vum Veit Harlan gespillt.
Hien ass 1946 an engem Autosaccident bei Freising déidlech verongléckt.