Erlangen ass eng kreesfräi Stad am bayeresche Regierungsbezierk Mëttelfranken. D'Stad ass de Sëtz vum Landkrees Erlangen-Höchstadt an ass mat eppes méi wéi 103.000 Awunner déi klengst vun den 8 Groussstied am Fräistaat Bayern.
Zesumme mat Nürnberg a Fürth, gehéiert Erlangen zu der Metropolregioun Nürnberg, eng vun den 11 Metropolregiounen an Däitschland.
Erlange läit um Bord vum mëttelfränkesche Becken, parallel zum Floss Regnitz an zum Main-Donau-Kanal. Nërdlech vun der Bannestad leeft de Schwabach dee vun Oste kënnt an d'Regnitz.