Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy
Linnennummer 42
Bedreiwer SNCB
Technesch Donnéeën
Längt 60,2 km
Spuerbreet Normalspuer


Y vu Rivage. Den Tunnel vu Liotte op der Linn 42 (lénks). Riets d'Linn 43 mat der Bréck iwwer d'Amblève.

D'Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy oder Linn 42 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB ass eng 59,8 Kilometer laang Linn déi Rivage an der Provënz Léck mat Gouvy an dodriwwer eraus mat der Nordstreck vu Lëtzebuerg verbënnt.

D'Linn 42 huet mat Ausnam vu verschiddenen Deelstécker an de Garen, an an dem Tunnel vun Trois-Ponts, tëscht Aywaille a Vielsalm nëmmen ee Gleis. Vu Vielsalm bis op Gouvy (11,4 km), a vu Rivage bis op Aywaille (8,2 km) ass d'Streck zweegleiseg. Si ass mat 25 kV elektrifizéiert.

D'Streck gëtt och alt vun der SNCB fir Belaaschtungs- an Homologatiounstester vun neie Lokomotive benotzt. D'Streck huet nämlech zwou géi Rampen, déi eng mat 15 ‰ tëscht Trois-Ponts a Vielsalm an eng vun 18 ‰ bei Cierreux tëscht Vielsalm a Gouvy.

Geschichtlech Daten

Bau vun der Linn

D'Linn 42 gouf an 3 Etappe gebaut:

Modernisatioun vun der Linn

An den 80er Jore wollt d'SNCB d'Streck opginn. D'Linn, déi déi Zäit ganz zweegleiseg war, gouf op e Gleis zeréckgebaut, an eng Parti vu Garegebaier goufen ewechgerappt.

Op Drock vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL a mat Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Staat a vun Europa, gouf d'Linn an den 90er Jore moderniséiert.

Bei dëser Modernisatioun gouf d'Streck elektrifizéiert, Barrièrë suppriméiert, an d'Signalisatioun frëschgemaach.

De 25. Mee 2000 waren d'Aarbechten déi ronn 900 Millioune Frang kascht hu, fäerdeg.

Déi automatiséiert Signalisatioun gouf Enn November 2012 a Betrib geholl[1] an déi ganz Streck gëtt elektronesch vun der Gare vu Léck aus gesteiert.

Garen an Halten op der Streck

A Schifschrëft sinn déi Halten opgezielt an deene keen Zuch méi hält, an déi deelweis ewechgerappt sinn.

Rivage (43) | Liotte | Hagoheid | Martinrive | Aywaille | Remouchamps | Nonceveux | Quarreux | Lorcé-Chevron | Stoumont | La Gleize | Roanne-Coo | Coo | Trois-Ponts (45) | Grand-Halleux | Rencheux | Vielsalm (47A) | Salmchâteau | Cierreux | Bovigny | Gouvy (163)

Verbindunge mat aneren Eisebunnsstrecken

D'Linn 42 an der Sortie vu Gouvy an Direktioun Léck. Lénks am Bild tëscht den Hecken den Tracé vun der fréierer Linn 163 an Direktioun Sankt Vith
Eisebunnsviaduc vu Remouchamps
Am Fong den Autobunnsviaduc vu Remouchamps

.

  • An der Gare vun Aywaille Uschloss fir Carrière op der Grand Heid. Ëm 1960 suppriméiert.
  • Tëscht der Gare Martinrive an där vu Liotte den Uschloss vun der Carrière Belle Roche

International Zich

Op der Streck fueren zanter 2014 am internationale Reseau belsch InterCityen.

Bauwierker op der Streck

Brécken

Tunnellen

Um Spaweck

Commons: Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Artikel an der Sudpresse