Cornel Meder | |
---|---|
Gebuer |
23. September 1938 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 2. Juli 2018 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Literaturkritiker, Editeur |
Famill | |
Kanner | Charles Meder |
De Cornel Meder, gebuer den 23. September 1938 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 2. Juli 2018[2], war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Lokalpolitiker, Schrëftsteller, Literaturkritiker an Editeur.
De Cornel Meder ass zu Rëmeleng opgewuess an zu Esch an de Jongelycée gaangen. Hien huet dunn zu Lëtzebuerg, Léiwen, Bonn, Paräis an Tübingen studéiert. Duerno war hie Stagiär fir Däitsch am Escher Jongelycée a gouf duerno Professer fir Däitsch an Direkter vum Lycée technique Mathias Adam zu Péiteng a vum Collège d'enseignement moyen zu Diddeleng, deemools eng "Annexe" vum LTMA-P, wou hie sech fir eng polyvalent Schoul agesat huet.
Vun 1987 bis 2003 war hien Direkter vum Lëtzebuerger Nationalarchiv an huet mat zu der Grënnung vum Nationale Literaturzentrum zu Miersch bäigedroen.
Hie war Member vum Staatsrot vum 29. Dezember 1977 bis den 31. Dezember 1999.[3]
De Cornel Meder war den Editeur vun den Zäitschrëften impuls, doppelpunkt, MOL, Galerie, Direkter vum Centre Culturel vun Déifferdeng a Sekretär vun den Amis de Colpach.
Zu Déifferdeng war hie fir d'LSAP als Schäffen am Gemengerot[Wéini ?].