Biissen | |
---|---|
Biissen vum Wobierg aus gesinn (2008) | |
An anere Sproochen |
fr: Bissen de: Bissen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Biissen |
Buergermeeschter | David Viaggi |
Awunner | 3.405 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 47’ 21’’ N 06° 03’ 49’’ O |
Biissen ass eng Uertschaft am Zentrum vu Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm am Kanton Miersch.
D'Uertschaft läit am Atertdall, an um Territoire vun der Uertschaft hunn d'Bussbaach an d'Helmeschbaach hir Quell.
Am Joer 960 ass d'Existenz vu Biissen ënner dem Numm "Bisiceromarkun"[1] attestéiert ginn duerch en Dokument an deem d'Par Biissen als baussent der Par vu Miersch bezeechent gëtt. Dofir huet d'Par 1960 hir dausendjäreg Existenz gefeiert.
Datum | Awunner | Datum | Awunner | Datum | Awunner | Datum | Awunner |
---|---|---|---|---|---|---|---|
01.01.2000 | 2.538 | 01.01.2001 | 2.597 | 01.01.2002 | 2.593 | 01.01.2003 | 2.581 |
01.01.2004 | 2.596 | 01.01.2005 | 2.602 | 01.01.2006 | 2.616 | 01.01.2007 | 2.737 |
01.01.2008 | 2.778 | 01.01.2009 | 2.805 | 01.01.2010 | 2.871 | 01.01.2011 | 2.874 |
01.01.2012 | 2.879 |
Commons: Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |