Belair | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Belair de: Belair |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 12.613 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 171,79 ha |
Héicht | 328,60 m |
Koordinaten |
49° 36’ 46’’ N 06° 06’ 51’’ O |
De Belair ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Weste vun der Haaptstad.
De Quartier krut 1956 säin haitegen Numm. Virdrun huet en offiziell Neimärel (Neumerl) geheescht[1][2].
Am 13. Joerhonnert stoung op dem fräie Flouer vum haitege Quartier en Haff „Daubenfeld“, bei deen am Laf vun der Zäit nach en zweeten derbäi koum. De François Lascombes huet eng Iwwersiicht publizéiert mat den Evenementer déi mat dësen Häff ze dinn haten:
Dem Lascombes seng Chronik hält hei op…
Nodeems d'Festung 1867 geschleeft gouf, huet sech d'Stad no Westen hi vergréissert, d'Bevëlkerung geet an d'Luucht, nei Stroossen an déi éischt Bourgeoisieshaiser gi gebaut.
1919-1921: D'Franziskanerschwëstere bauen hiert Klouschter um Belair.
1920 huet d'Gemeng Hollerech (mat de Sektiounen Neimärel a Bouneweg) mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert[4]. 1935 gëtt d'Primärschoul gebaut an de Grondstee fir d'Clinique Sacré-Cœur gëtt 1954 geluecht.
Vun 1938 u gouf d'Belairer Kierch geplangt, se konnt awer wéinst dem Zweete Weltkrich eréischt 1957 konsekréiert ginn.
Vum 13. Joerhonnert bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert war fir den haitege Quartier den Numm Duvenvelt oder Daubenfeld geleefeg. D'Strooss déi vum Boulevard Grande-Duchesse Charlotte bis bei de Märeler Kierfecht gefouert huet – déi haiteg Avenue Gaston Diderich – gouf Dauwelswee, Dauvelt[5] oder Rue de Daubenfeld genannt. Den Numm ass op d'Botterblumm ((fr) grande douve) zeréckzeféieren, déi sengerzäit do an de Wisen a Mouere gewuess ass[2].
Wéi uganks vum 20. Joerhonnert lues a lues Liewen an de Quartier koum, koum den Numm Neimärel op, well en zur Par Neimärel gehéiert huet[2].
Wou den Numm Belair fir de Stater Quartier hierkënnt ass net sécher gewosst. Den Architekt Mathias Martin hat 1923 säin Haus an der haiteger Avenue Gaston-Diderich "Maison Bel Air" genannt, an och d'Strooss huet ursprénglech sou geheescht (Rue Bel-Air)[6]. Den Numm fënnt ee scho géint 1910 op offiziellen Dokumenter. Sou steet op de Baugeneemegunge fir d'Haiser déi d'Gemeng Hollerech sengerzäit ausgestallt hat, de Stroossennumm Rue Bel-air drop[2]. Et ass méiglech, datt den Numm vun der Strooss oder dem Martin sengem Haus 1957 och dem ganze Quartier säin Numm ginn huet.
Dem Robert Philippart no gëtt den Numm Belair mat Staddeeler déi Liicht, Loft an Uerdnung verspriechen associéiert[1].
1956 huet de Stater Schäfferot de Quartier offiziell vun Neimärel a Belair an d'Strooss vu Rue Bel-Air an Avenue Gaston-Diderich ëmgedeeft[1].
De Quartier Belair ass 171,79 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 283,2 an 328,6 m[7].
D'Grenze vum Quartier sinn[1]:
Ausser an der Rue des Aubépines gehéieren all Kéier béid Stroossesäiten zum Quartier Belair[2].
Entwécklung vun der Awunnerzuel[1]:
Joer | Awunner |
---|---|
1887 | 87 |
1900 | 243 |
1934 | 3.200 |
1970 | 8.851 |
1991 | 7.687 |
2006 | 8.652[2] |
2010 | 9.683 |
2021 | 12.139 |
Op den 31. Dezember 2022 hunn um Belair 12.613 Leit gewunnt, wovun 32,09 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 67,91 % Auslänner[8].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 12 613 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 4 048 | 32,09 |
2 | Frankräich | 2 049 | 16,25 |
3 | Italien | 929 | 7,37 |
4 | Spuenien | 553 | 4,38 |
5 | Portugal | 478 | 3,79 |
6 | Däitschland | 474 | 3,76 |
7 | Belsch | 460 | 3,65 |
8 | Syrien | 250 | 1,98 |
9 | Griicheland | 193 | 1,53 |
10 | USA | 187 | 1,48 |
Top 10 | 9 621 | 78,28 | |
Aner Nationalitéiten | 2 992 | 23,72 |
Commons: Belair – Biller, Videoen oder Audiodateien |