Alexandre Moris
Gebuer 11. Januar 1817
Gestuerwen 12. August 1864
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geolog
Dem Alexandre Moris seng Ënnerschrëft (1850)

Den Alexandre Moris, gebuer den 11. Januar 1817 zu Kientzheim am Elsass, gestuerwen den 12. August 1864 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer a Geolog.

Vun 1842 un huet de Moris an dem Athenäum an der Stad enseignéiert, virun allem Naturwëssenschaften a besonnesch Physik. Hien ass ee vun de Grënnungsmembere vun der Société des sciences naturelles (1850) an ee vun deenen zwéin éischte Conservateure vun dem Musée vun der Gesellschaft. Am Programm vun dem Athenäum fir d'Joer 1851/52 huet hien eng Dissertatioun iwwer d'Triasformatioun am Groussherzogtum Lëtzebuerg geschriwwen. Dat war déi éischt geologesch Etüd, déi vun engem Lëtzebuerger verfaasst gouf; déi Aarbechte virdru goungen op auslännesch Geologen zeréck.

Vun 1855 bis 1861, wou hien aus Gesondheetsgrënn huet missen ophalen, huet de Moris zesumme mat dem Nicolas Wies un der geologescher Kaart vu Lëtzebuerg geschafft.

Vun 1845 bis 1850 war de Moris Member, eng Zäitchen och Sekretär, vun der Stater Schoulkommissioun, déi deemools "commission urbaine des écoles primaires" geheescht huet. Vun 1860 u war hie Schoulinspekter fir de Kanton Capellen.

Publikatioun

Literatur

Um Spaweck