Alessandro Piccolomini | |
---|---|
Pseudonym | Stordito Intronato |
Gebuer |
13. Juni 1508 jul. Siena |
Gestuerwen |
12. Mäerz 1579 jul. Siena |
Aktivitéit | Astronom, kathoulesche Priister, Philosoph, Iwwersetzer, Dramatiker, Dichter |
Den Alessandro Piccolomini, gebuer den 13. Juni 1508 zu Siena a gestuerwen, den 12. Mäerz 1578 och do; (laténgesch: Alexander Piccolomineus) war en Dichter a Philosoph, gouf awer haaptsächlech als Astronom bekannt.
A senger Jugend hat hien e puer Kaméidisstécker geschriwen: Amor costante (1536), L'Alessandro (1544) an Ortensio. Er übersetzte Dem Ovid seng Metamorphosen hat hien iwwersat, geneesou wéi dem Aristoteles seng Poetik an d'Rhetorik. Vun him stamen honnert Sonetter (Cento Sonetti, 1549 publizéiert[1]), an aner Gedichter. Zu Siena war hie Member vun der Accademia degli Intronati.[1][2]
1540 gouf hie Professer vun der Philosophie zu Padua, a sengem Traktat Della grandezza della terra et dell'acqua (Venedig, 1558) ass hie géint Meenung vum Aristoteles a vum Ptolemaios, datt d'Waasserfläch méi grouss wéi d'Landmass op der Äerd wier.[3]
Hien hat och iwwer d'Verbesserung vum Kalenner (1578) geschriwwen.[3] De Popst Gregor XIII. hat hien am Joer 1574 zum Titularäerzbëschof vun Patras ernannt. Den 12. Mäerz 1578 ass hien zu Siena gestuerwen.[2]
De Moundkrater Piccolomini gouf no him genannt.
Commons: Alessandro Piccolomini – Biller, Videoen oder Audiodateien |