15. Juni: De Poopst Leo X. erkläert de Martin Luther a senger Bulle „Exsurge Domine“ zum Ketzer.
30. Juni: An der „Noche Triste“ („Traureg Nuecht“) verdreiwen d'Azteken d'spuenesch Truppen ënner dem Hernán Cortés aus Tenochtitlán, der Haaptstad vum Aztekeräich.
8. an 9. November: Am Stockholmer Bluttbad léisst de Kinnek Christian II. vun Dänemark ronn 100 Perséinlechkeete vum schweedeschen ëffentleche Liewen hiriichten. Dëst ass d'Enn vun der Kalmarer Unioun.