09. Mäerz: Éisträich, Preisen, Russland an d'Vereenegt Kinnekräich verflichte sech am Traité vu Chaumont ë. a. op géigesäiteg Hëllef a fuerderen den Napoleon op, d'Muecht ofzeginn - dee refuséiert.
18. Mäerz: Déi virdru franséisch Territoiren tëscht Rhäin, Meuse, Musel an der franséischer Grenz vu viru 1792, an domat och déi vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg, ginn zu der Provënz Mëttelrhäin zesummegefaasst.
16. Abrëll: Den Eugène de Beauharnais ergëtt sech am Nord-Italien den Éisträicher.
04. Mee: Den Napoleon kënnt op Elba un, wuer e verbannt gouf.
17. Mee: Norwegen gëtt sech eng eege Verfassung an erkläert seng Onofhängegkeet.
30. Mee: Am éischte Friddenstraité vu Paräis tëscht Frankräich op där enger Säit an Éisträich, Preisen, Russland an dem Vereenegt Kinnekräich op där anerer gëtt sech gëeenegt, datt Frankräich nees seng Nordgrenz do hätt, wou se 1792 war, an datt Holland ënner d'Souveränitéit vum Haus Oranien-Nassau kéim. D'Verträg tëscht Frankräich an Éisträich vun 1805 an 1809 an déi tëscht Frankräich a Preise vu 1795 an 1806 ginn annulléiert.
13. August: Am Traité vu London eenegen Holland an d'Vereenegt Kinnekräich sech drop, datt d'Britten den Hollänner déi meescht Territoiren, déi se hinnen zanter 1795 ofgeholl haten, nees zeréckgéifen. Anerer, wéi Ceylon oder d'Kapkolonie, bleiwe brittesch.
Wanter 1813-1814: Eng 3.600 Mënschen, 2,4 Prozent vun der Lëtzebuerg Populatioun, stierwen u Fleckféiwer (Typhus) - ronn 1.200 Zaldote vun der napoleonescher Arméi an eng 2.400 Zivilisten. Eleng Gréiwemaacher verléiert e Sechstel vun den Awunner.
20. Mee: Déi éischt Nummer vum Journal officiel du Départment des Forêts kënnt eraus, deen 1815 a Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg ëmbenannt gëtt, de Virleefer vum Mémorial.